The posting
Description de tâches:Mir siche fir de Service Hausmeeschteren zu Iechternach/Raum Osten een Artisan polyvalent (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.De Service Hausmeeschter ass eng dynamesch, flexibel a multidisziplinär Equipe. Déi ronn 10 Handwierker an Techniker si fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg.Deng Aufgaben:Entretiens- a Reparaturaarbechte vu Gebaier op verschidde PlatzenPlënneraarbechten a Montage vu MiwwelenMaintenance vun de GäertRichteg benotze vu verschiddene BaumaterialienDäi Profil:Een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend QualifikatiounenErfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a Fäegkeet mat verschiddene Materialien ze schaffenKierperlech fit a belaaschtbar an Spaass u physesch an usprochsvoll TätegkeetenHandwierklech begaabt a staarken TeamgeeschtFlexibel an autonom schaffenValabelen AutosführerschäinKennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzenWat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldIwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.



