The posting
Mir sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.Mir freeën eis op Är Kandidatur !Mir stellen een Agent éducatif oder een Educateur diplômé (m/w/d) an :Carrière C2 bis C4 laut DiplomCDD 80 % vum 01/07/2026 bis den 28/02/2027fir den Ersatz vun engem Congé parental & Congé sans soldeÄr Aufgaben:• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen• Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn• Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder JugendlechenÄre Profil:• Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d'Autorisation d'exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d'« Formation de l'accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd• Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)• Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen• Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet• Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen• Dir hutt de Führerschäin (B)• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu VirdeelMir bidden:• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)• Sympass KaartMir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:• Motivatiounsbréif• Liewenslaf mat Foto• Kopie vum Diplom• Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.



