The posting
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir Wunngruppd'Haus 9 zu Miersch zwee Educateurs diplômées (m/w/d)Är Aufgaben:• Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen• Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen• Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen• Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an• Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee KannerÄre Profil:• Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen• Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet• Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen• Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen• Führerschäin (B)• Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel• Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden:• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6)• Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:• Motivatiounsbréif• Liewenslaf mat Foto• Kopie vum Diplom• Autorisation d'excercerAm Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.



